Appel à projet am Miselerland: Miniprojeten „Kultur“ oder „Jugend“

De LEADER Miselerland ënnerstëtzt am Kader vu sengem regionalen Umbrella-Projet kleng Aktivitéiten & Offeren am Volet „Kultur“ oder am Volet „Jugend“ – quid datt dës Miniprojeten nei & innovativ fir eis Regioun sinn & d‘Leit, kleng Veräiner oder benevolat Initiativen abezéien.

Am Volet „Kultur“ kënne mir neioarteg Aktivitéiten a kulturell Offeren am Miselerland ënnerstëtzen. Méiglech sinn zum Beispill Miniprojete mat kulturellem Hannergrond, mat Artisten aus der Regioun, iwwer eis Kulturgeschicht, eis Kulturlandschaft, iwwer regional Identitéit, soziokulturell Diversitéit, interkulturellt an inter­generationellt Zesummeliewen, Bräicher, Patrimoine culturelle, Kulturtourismus, a.s.w.

Am Volet „Jugend“ kënne mir zum Beispill innovativ Aktivitéiten vu Jugendhäiser oder Club des jeunes ënnersëtzten, innovativ Aktiounen fir d’Jugendaarbecht, Bedeeligungsformater fir di Jonk oder Evenementer fir jonk Erwuessener.

De GAL LEADER Miselerland fokusséiert dobäi besonnesch op finanziell kleng, mä innovativ Miniprojete vu lokalen oder regionalen Acteuren & Associatiounen mat ganz vill Engagement am Benevolat, mä ouni grouss Administratioun. Miniprojete vun esou Porteure kënne mir mat engem Subside vu maximal 4.000 € pro Miniprojet ënnerstëtzen. An engem 1. Opruff stellt de LEADER eng Enveloppe vun 20.000 € bereet.

Projete mat engem kommerziell-ëkonomeschen Hannergronnd sinn allerdéngs net eligibel.

Mat engem éischten Opruff wëlle mir ganz vill Leit am Miselerland areechen. Dowéinst fannt Dir elei detailléiert Informatiounen op Däitsch an op Franséisch: Download DE    Download FR

Mir freeën eis op vill flott Iddien! Schéckt eis Är Projetsiddi einfach per Mail op info@miselerland.lu eran.

Den Delai fir an dësem 1. Opruff bei eis Projetsideen anzereechen ass den 5. Oktober 2024.

X