Konkret Iddie fir eng besser Verwäertung vu Biomass aus dem Miselerland

De LEADER Miselerland huet konkret Iddien & interessant Resultater ausgeschafft fir eng effikass Notzung vun dem immensen Potenzial vu Biomass aus dem Miselerland. Dëst ass d’Resultat vum regionale LEADER-Projet „Verwäertung vu Biomass aus dem Miselerland“, deen de Groupe d’Action Locale Miselerland“ mat Hëllef vun engem multidisziplinairen Aarbechtsgrupp a mat Ënnerstëtzung vun den Bureau d’étude L.E.E (Lënster) an eco:novis (Biekerech) realiséiert huet.

Op Basis vun enger intensiver Bestandsopnam vun de Biomass­potenzialer fir déi 14 Membersgemenge vum LEADER Miselerland goufe praktesch Iddien, Recommandatiounen a Business­modeller aus­geschafft, fir duerch eng besser an intelligent Valoriséierung vun dëser nowuessender Biomass an eiser Regioun munch vun deenen uewen ernimmten Erausfuerderungen unzegoen: z.B. Grillholz aus Riefschenkel, Gemeinschaftlech Biogasanlag bei den Regionalen Industriezonen, Interkommunalen Holzhaff, Holzhackschnëtzel aus Pëppeln an Drénkwaasserschutzgebidder, etc. pp.

Eng méi nohalteg Versuergung aus erneierbaren Energien mécht fir d’Miselerland Sënn: ekonomesch & ekologesch & a puncto Energiesécherheet.

Am Kader vun enger grousser Ofschlosspräsentatioun huet de LEADER Bureau Miselerland d’Resultater senge regionalen Acteuren & dem grand public virgestallt, an dem Landwirtschaftsministère d’Etüd iwwerrecht.

Regional Actueren & interesséiert Leit kënnen d’Etüd beim LEADER Bureau zu Gréiwemaacher kréien (Tèl 750139, eMail: thomas.wallrich@miselerland.lu)

X