„Kultur fir jiddereen“: Leschten Opruff fir kleng Kulturprojeten am Miselerland

Reecht är Iddi fir e klenge Kulturprojet  am Miselerland an! Mir kënne finanziell ënnerstëtzen!

6. Opruff am Kader vum LEADER-Projet „Kultur fir jiddereen“ (vum 18. Mee bis 18. Juni 2022)

Wat wëlle mir ënnerstëtzen?

De LEADER Miselerland promovéiert kulturell Aktivitéiten & kulturell Offeren am Miselerland – quitt datt si nei an innovativ fir eis Regioun sinn a souwuel d‘Léit, kleng Veräiner oder regional Initiativen abezéien. Méiglech si Miniprojete sief mat kulturellem Hannergrond, mat Artisten aus der Regioun, iwwer Kulturgeschicht, Kulturlandschaft, regional Identitéit, soziokulturell Diversitéit, interkulturellt an inter­generationellt Zesummeliewen, Bräicher, Patrimoine culturel, Kulturtourismus, a.s.w. Är Kreativitéit an Äre Courage fir Innovatioun sinn hei gefrot.

Fir wien ass eisen Opruff?

De LEADER Miselerland fokusséiert dobäi besonnesch op finanziell kleng, mee innovativ Miniprojete vu lokalen oder regionalen Acteuren an Associatiounen mat ganz vill Engagement a Benevolat, mä ouni grouss Administratioun.

Wéi kenne mir Iech ënnerstëtzen?

Vue datt et sech ëm eise leschten Opruff an dëser Fërderperiod handelt, steet nëmmen nach e Reschtbudget vun 3.074,08 € zur Verfügung. Domadder kann de GAL LEADER Miseler­land een oder zwee 2 Miniprojeten ënnerstëtzten. Eis Subventioun ka bis zou 100% vun de Projetskäschten iwwerhuelen an de maximale Subside ass 3.000 €.

Wéi sinn d‘Delaien?

Schéckt Är Projetsiddi w.e.g. bis spéitstens de 18. Juni 2022 op eise LEADER-Büro Miseler­land. Wéi eng Projeten ënnerstëtzt ginn, dat decidéiert de GAL LEADER Miselerland nodeems hien all Projetsiddien analyséiert hutt. Just déi bescht Iddie ginn zréckbehalen. Allerdings muss äre Miniprojekt aus prozedurale Grënn bis Enn September ëmgesat & ofgeschloss sinn.

Wou fannt Dir méi Informatiounen?

Wat mir ënnerstëtze wëllen (a wat net), wéi eis Decisioune falen a wat mir vun Iech brauchen, fir Äre Miniprojet ënnerstëtzen ze kennen, kënnt Dir gäre mam Melanie ZEIMETZ & dem Thomas WALLRICH op eisem LEADER-Büro Miselerland froen: 23, rte de Trèves, L-6793 Grevenmacher, Tél: 75 01 39, e-Mail: info@miselerland.lu. Si hëllefen Iech gären!

Ech wënschen Iech vill Succès bei Ärer Kandidatur a freeë mech op vill gutt Iddien!

Äre Marc WEYER, Präsident vum Groupe d’Action Locale LEADER Miselerland

 

X